Leandro op Besuch beim FC72

16 July 2021

Grouss Freed bei de Jugendspiller vum FC72 Ierpeldeng. Eise fréiere Spiller Leandro Bareiro war op Besuch komm an huet mat de Jongen trainéiert. De Profi vu Mainz, dee mat sengem Club an och perséinlech eng formidabel Saison gespillt huet, ass nach ëmmer de Leo wéi mir e kennen. Sympatesch a fein an hien huet de Jongen dann och d'Rezept mat op de Wee ginn fir eventuell eng Kéier esou erfollegräich ze ginn wéi hien. Trainéieren, Schaffen, un sech gleewen. Weider Bonne Chance Leo an du bass ëmmer Wëllkomm bei dengem FC72 Ierpeldeng. Merci dem Ben a Rom Lucius !