Training an Zäite vu Corona

10 February 2021

An der sanitärer Kris war an ass d'Gefor fir déi jonk Leit am mannste grouss fir schwéier krank ze ginn. An awer hunn och si op ganz villes misse verzichten. Den FC72 mécht dofir Alles fir dass eis Jugendspiller och an dëser schwéierer Zäit am Respekt vun alle sanitäre Reegelen trainéiere kënnen. Dat ass wichteg fir d'Gesondheet, esouwuel physesch, wéi och mental. Ee ganz grousse Merci un eis Jugendtrainer, déi sech op eng viirbildlech Manéier investéieren an aus engem groussen Terrain der 6 gemeet hunn fir den Training a Gruppe vu 4 z'erméiglechen. Gruppe vu 4 heescht natierlech och, dass et mat engem Trainer pro Equip net duer geet. Wéi der an eisem Video gesidd klappt d'Organisatioun perfekt. Merci un si, Merci de Kanner fir d'Disziplin ! Bleift all gesond an hoffentlech bis geschwënn erëm bei de Matcher vum FC72 Ierpeldeng. #bleiftgesond