Reportage Seniors

16 July 2021

Den Nelson Schumacher geet den nächste Mount a seng drëtte Saison als Trainer vun eiser éischter Ekipp. Leider konnt hien wéinst der Pandemie awer bis elo keng ganz Saison durch trainéieren a spillen. Mir all hoffen, dass dat sech elo ännert a mer erëm eng richteg Saison erliewen. Eisen Trainer leed besonnesch Wäert drop eis eege Jugend an ze bauen an esou huet hien zesumme mam Co-Trainer Flo Re schonn 9 Jugendspiller an de Kader vun de Senioren opgeholl. Mir wënschen den Traineren an der Ekipp Alles Guddes fir d'Saison 2021-2022.