Erneierung Sponsoring ASPORT
17th March 2026
FC 72 Ierpeldeng
Fotograféiert vum EK

"Never change a winning team"
Dee Saz ass net nëmmen am Sport richteg, mä gëllt och fir eis Zesummenaarbecht mat eisem Partner Asport sports + performance.
2023 huet d'Ekipp ronderëm den deemolege President Pol Michels decidéiert no laange Joren zeréck bei eise lokale Sportsbutteck op Angelduerf ze wiesselen fir eis Ekippen anzekleeden.
Et war no 3 Joer da fir eis, an och fir den ASPORT eng Selbstverständlechkeet, dass mer déi gutt a flott Zesummenaarbecht géife viru féieren.
De President vum FC72 Steve Dehm an de Gregory Haentges hu gëschter de Kontrakt fir déi nächst 4 Saisonen ënnerschriwwen.
Mir bleiwe Lokal. Merci dem Asport
