Trainer Seniors 1

Patrick Kettmann an Patrick Wagner



05 January 2022

Nodeems mer Uganks Oktober 2021 de Patrick Wagner als neien Trainer fir eis éischt Ekipp engagéiere konnten, war de Poste vum Co-Trainer nach ze besetzen. Mir si frou haut de  Patrick Kettmann offiziell an eisem Trainerstaff ze begréissen. De Ketti huet ënnert anerem zu Dikrech, Rouspert, Iechternach a bis viru kuerzem bei Mertert-Waasserbëlleg vill Erfarung als Trainer gesammelt. Mir wënschen deem "Duebele Patrick-Team", zesumme mam Romain De Kroon ee gudde Start an d'Réckronn. Et ass vill Aarbecht, mä mir sinn zouversiichtlech et mat dësen erfuerene Leit aus dem Tabellekeller ze packen.