Trainer Nels Schumacher decidéiert säi Posten zur Verfügung ze stellen.


28 September 2021

No engem schwieregen Ufank vun der Saison 2021/2022 mat 4 Punkten aus 6 Matcher huet eisen Trainer Nels Schumacher decidéiert säi Posten zur Verfügung ze stellen. Den Nels huet seng éischt Seniors-Ekipp an engem schwierege Moment, just virun der Covid-Pandemie iwwerholl, a mat vill Engagement probéiert eist Zil, déi eege Jugend z’integréieren, ëmzesetzen. Mir soen dem Nelson Merci fir säin Engagement a wënschen him Alles Guddes fir seng Zukunft.