Trainer fir t'Saison 22-23


07 May 2022

Eis éischt Ekipp steet an den nächste Woche viru groussen Erausfuerderungen. Mir kënnen eis Plaz an der éischter Divisioun just nach iwwert de Barrage Match sécheren. Mir setzen Alles drun, dass dat geléngt an hu vollt Vertrauen an eis Ekipp an hir Traineren. An deem Sënn steet och eist Trainerteam fir d'nächst Joer : De Patrick Wagner bleift eise Coach, mä säi Co-Trainer, de Patrick Kettmann huet eis matgedeelt, dass hien nächst Saison een aneren Challenge iwwerhëlt. Mir soen dem Ketty elo scho Merci a si frou mam Tom Wagner, dem Fils vum Patrick, direkt een Ersatz fonnt ze hunn. Den Tom huet déi lescht Jore scho vill a gutt Erfarungen als Jugendtrainer bei der FLF gesammelt. De Goalkeepstrainer ass weider de Romain De Kroon. Mir wënschen eisem Trainerstaff Alles Guddes.