Semaine Sportive: Optakt mat den Veteranen


15 July 2022

Den 22. Juli fänkt eis Semaine Sportive am Kader vun eisem 50te Gebuertsdag un. Den Optakt maachen eis Bambini…..vu fréier. ;-)
Och wann et net méi ëm Punkten, Op- an Ofstig geet, mécht Football nach Spaass an och bei de Veteranen ass den Niveau nach héich……heiansdo.

Virun allem dominéiert awer d’Frëndschaft. Och déi « eeler » Häre brauchen äer Ënnerstëtzung. Déi éischt, déi zweet an och déi drëtt Hallschent. Mir freeën eis op ee flotten Optakt an eng flott Semaine Sportive.