Nei Websäit fir eis FC72 Kollektioun


10 February 2021

Mir freeën eis, iech eis nei Websäit fir eis FC72 Kollektioun kënne virzestellen.
https://www.fc72.lu/page/fc72-ierpeldeng-collection-90749

An Zesummenaarbecht mat eisem Sponsor Freelander's bidde mir iech eng attraktiv Kollektioun vu Sportskleeder an de Faarwen vum FC72 un. Déi meeschte Kleeder hunn de Veräinslogo + Schrëftzuch a gi mat ären Initiale personaliséiert.

Dier kënnt d'Kleeder aus dëser Kollektioun direkt beim Freelander's mat dem spezielle Formular bestellen. Um Formular fannt dier och speziell Präisser, déi fir d'Spiller an d'Membere vum FC72 reservéiert sinn. No der Clôture vun de Commanden (Datum deen op dem Bon de Commande steet) gëtt dann eng gruppéiert Bestellung gemaach. Dir gitt kontaktéiert wann är Saachen do sinn.

Dir fannt de Formular fir är Commande hei als PDF.

offre club - 2021 - package fc erpeldange.pdf