Generalversammlung vum FC72 Ierpeldeng


09 November 2020

En Dënschdeg, den 10. November 2020 ass d'Generalversammlung vum FC72 Ierpeldeng.
Mir sinn zu Lëtzebuerg den Ament leider erëm an enger ganz kritescher Situatioun, wat d'Infektiounen ugeet, Dofir maache mer alles fir dass dës GV esou gutt a virun allem esou sécher wéi nëmme méiglech iwwert d'Bühn geet :
- D'GV ass an der Sportshal, fir d'Distanze besser kënnen an ze halen
- Mir stellen eenzel Still mat der néideger Distanz op
- Dir musst während der ganzer Versammlung d'Mask unhalen!
- Et gëtt dëst Joer kee Patt no der Generalversammlung ze drénken. (dat huele mer dann hoffentlech 2021 duebel no)
Bleift gesond !