DENSCHDEG, den 10. November 2020 - GENERALVERSAMMLUNG 2020
15 October 2020
Léiwe Member vum F.C. 72 Ierpeldeng !
De Komitee vum F.C. 72 IERPELDENG lued Dech härzlechst op d’GENERALVERSAMMLUNG 2020 an, déi en DENSCHDEG, den 10. November 2020 um 20.00 Auer am Sports- a Kulturzentrum zu Ierpeldeng/Sauer ofgehale gëtt
DAGESUERDNONG
1. Usprooch vum President
2. Aktivitéitsbericht
3. De Stand vun der Kees
4. D’Wahl vun den Keeserevisoren
5. Virstellung vum neien Trainerstaff
6. Virstellung vun de neie Spiller
7. Rapport vun der Jugendärbecht
8. Rapport vun der Härenequipe
9. Ophuelen vun neien Komiteesmemberen
10. Fräi Aussprooch
Memberen, déi hir Kandidatur fir de Komitee stelle wëllen, sollen sech beim Président (T. 819425 / 621379729) oder virun der Versammlung mellen.
Fir de Komitee
Albert REEFF
President