Den Patrick Wagner an säin Assistent Tom Wagner sin net méi Trainer vun der éischter Ekipp


11 October 2022

De Veräin an eis Traineren hunn sech drop gëeenegt net méi zesummen ze schaffen. De Patrick an den Tom hunn eis Ekipp viru ronn engem Joer an enger schwéierer Zäit iwwerholl an et iwwert de Barrage gepackt fir an der éischter Divisioun ze bleiwen. Leider ass eis Ekipp no 7 Spilldeeg hannert den Erwaardunge bliwwen, déi mir als Veräin, mä och eis ganz ambitionéiert Traineren haten. Dofir hu béid Säite gemengt et wier besser elo getrennte Weeër ze goen. Mir soen dem Patrick an dem Tom Merci fir hiert Engagement fir de Veräin a wënschen hinnen nëmmen dat Bescht fir hir sportlech a privat Zukunft.
 
Den Ament ass nach net gewosst wien d'Nofolleg iwwerhëlt.  Mier wäerten dat matdeelen, soubal mer den neie Coach engagéiert hunn.