De Ketti ass erëm do !


20 October 2022

"Du bass ëmmer Wëllkomm beim FC72" hate mer Enn der leschter Saison geschriwwen, wéi de Patrick Kettmann eis matgedeelt huet, dass hien een neien Challenge an Däitschland wéilt iwwerhuelen. De Ketti war jo lescht Saison als Co-Trainer bei eis agesprongen, nodeems hie virdrun nach Mertert/Waasserbëlleg an der Éierepromotioun trainéiert huet. Weider Trainerstatioune waren Iechternach, Rouspert an Dikkrich. Mir sinn immens frou, dass de Patrick Kettmann dësen Challenge unhëlt an eis Ekipp zu engem schwierege Moment iwwerhëlt a mir sinn zouversiichtlech, dass hien et och mëttelfristeg fäerdeg bréngt, zesumme mat alle Spiller, d'Kéier ze kréien.
Wëllkomm zeréck Ketti a Vill Freed an Erfolleg beim FC72 !