Äddi Romain Lucius


23 November 2021

Léif Football-Frënn, Football ass net alles am Liewen. Et ginn awer Leit, déi liewen de Football.
Een esou ee Mënsch, de Romain Lucius, huet eis dee leschten Dënschdeg, op sengem 68te Gebuertsdag verlooss.
De Rom war net nëmmen eise Jugendkoordinator an Trainer, hie war eise Frënd. Hien huet während 8 Joer bei eis am Veräin eng formidabel Aarbecht geleescht, um Terrain, mä och niewendrun, wou hien ëmmer een oppent Ouer hat, fir d’Spiller an Elteren. Et ass net just een Trainer, deen eis verlooss huet, mä de sportleche Papp vun all eise Jugendspiller a méi wéi ee vun hinnen huet déi lescht Deeg mat deem Verloscht misse kämpfen.
Jo, mir wossten allerguer, dass de Romain eis géif verloossen, wëll de Géigner Kriibs ze staark war, mä esou wéi een dat vum Rom gewinnt war, huet hien sech net ginn, huet nach eng Kéier vollen Asaz gewisen, seng bescht Ofwier op den Terrain geschéckt enkadréiert vu senger beschter Equipp, der Famill. Hien  ass an d’Verlängerung gaangen, mä um Enn, sollt den iwwermächtege Géigner awer gewannen.
Kriibs ass wierklech alles anescht wéi FairPlay.

Elo bass du net méi op eisem Terrain, mä mir si sécher Rom, dass du, vun do wou’s du elo bass, däin FC72 Ierpeldeng am Aan hues a bestëmmt erënnere mer eis nach dacks un deng gutt Rotschléi. An iergendwann gesi mer eis op deem aneren Terrain erëm.

Football ass net Alles am Liewen an och wann de Football dir ganz wichteg war, esou has du awer och eng léif Famill, mat däer’s de frou war’s a bass. Si vermëssen dech schrecklech an hunn der bis zu Lescht d’Hand gehalen. Dofir drécke mer nach eng Kéier denger Fra Gaby an de Kanner eist déifste Matgefill aus.
Du wëlls ganz sécher, dass de Ball weider rullt, dofir stousse mer dëse Match elo un a sinn a Gedanken bei dir.
Eis Jongen géif ech bieden haut grad fir de Rom ze spillen