Äddi Guy Steichen


03 September 2020

De Kommitee vum FC 72 IERPELDENG, zesumme mat der Jugendkommissioun, mat all senge Spiller, Traineren a Memberen, ass zu déifst betraff iwwert den trageschen Doud vum

Guy Steichen

Als fréiere Spiller, laangjärege Member vum Kommitee (2003 – 2020) a Sekretär (2011–2020) vum FC 72 huet hien all déi Joren vill Stonnen an Energie an den Déngscht vum Club investéiert.

Mam Guy verléiere mir net nëmmen e gudde Frënd, mee och sei Wessen, seng Kompetenz, säin Engagement a seng Hëllefsbereetschaft wäerten eis an Zukunft immens feelen.
A Gedanke si mir all bei him.

Sengem Jong Eric, senger Fra Jeannine mam Antoine, a senger ganzer Famill drécke mir eist déifste Matgefill a Bäileed aus. Mir wënschen hinne ganz vill Kraaft a Courage an dëser schwéierer Zäit.