8 Juli em 20.00 Auer - Assemblée Générale FC72 Erpeldange


04 July 2021

Léiwe Member vum F.C. 72 Ierpeldeng,
De Komitee vum F.C. 72 IERPELDENG lued Dech härzlechst op d’GENERALVERSAMMLUNG 2021 an, déi en DONNESCHDEG, den 8. Juli 2021 um 20.00 Auer an der Buvette zu Ierpeldeng/Sauer ofgehale gëtt.


DAGESUERDNUNG
1. Usprooch vum President
2. Aktivitéitsbericht
3. De Stand vun der Kees
4. D’Wahl vun den Keeserevisoren
5. Virstellung vun de neie Spiller
6. Rapport vun der Jugendärbecht
7. Rapport vun der Härenequipe
8. Ophuelen vun neien Komiteesmemberen
9. Fräi Aussprooch

Memberen, déi hir Kandidatur fir de Komitee stelle wëllen, sollen dat beim President
(T. 819425 / 621379729) oder virun der Versammlung mellen.

Eis Generalversammlung gëtt ënnert de Modalitéite vum Covid-Check ofgehalen. Dat heescht mir géifen Iech bieden entweder ären Impf-Zertifikat oder een zertifiéierten Test oder de Certificat, dass dir no enger Infektioun erëm gesond sidd, mat ze bréngen.
Wann dir keng vun deenen 3 Saachen hutt, kënn dir bei eis ee Schnelltest, dee mer zur Verfügung stelle, maachen.