

Eis Jugendaarbecht
De Jugendfussball spillt beim FC72 schonns ëmmer eng elementar Roll. Eist Haaptzil ass et, dat ALL Kand Spaass um Fussball huet an sech dobäi sportlech weider entwéckelt. Nieft dem sportlechen ass et dem FC72 awer genausou wichteg de Kanner am Veräi sozial Wäerter wéi Toleranz, Respekt, Fair-play an Zesummenhalen ze vermëttelen. Och huet de FC72 ma senger Jugendaarbecht eng wichteg Roll bei der Integratioun vu Kanner an hier Famillen an eiser Gemeng an an der Ëmgéigend.

Philosophie vum Club
T´Entwécklung vun eise Jugendspiller ass t'Fundament vun eiser éischter Equipe. T'Philosophie vum Club ass et esouvill wéi méiglech Talenter aus der eegener Jugend an der Seniors 1 Equipe ze integréieren a soumat de lokale Charakter vun der Equipe ze assuréieren. De FC72 setzt dofir ob eng Equipe vun qualifizéiert Traineren. Encadréiert ginn si vun der Jugendkommissioun an vun enger Commissioun de Football de Base.
An der Saison 2025-26 huet de FC72 am ganze 9 Jugendequippen.


