Neien Trainer éischt Ekipp Saison 24/25


23 April 2024

Mir si frou, dass mer nom Depart vun eisem Trainer Patrick Kettmann säi Successeur kënnen ukënnegen. De Michel Rodrigues iwwerhëlt d’Verantwortung fir eis éischt Ekipp vun der nächster Saison un. De Michel ass mat sengen 30 Joer relativ jonk mä hien huet zanter 2015 scho vill Erfarung als Trainer konnte sammelen. De Michel huet ënnert anerem als Jugendtrainer zu Ettelbréck a beim F91 Diddeleng geschafft, hien hat awer och scho Responsabilitéiten am Senior-Beräich zu Jonglënster an der Éierepromotioun als Co- an duerno Haapttrainer, an och an der BGL League als Co-Trainer vun der US Mondorf. Mir hu grousst Vertrauen, dass mer mam Michel Rodrigues den Trainer fonnt hunn, deen eis jonk Spiller zesumme mat deenen erfuerene Spiller ka weider bréngen. Merci deene villen anere Kandidaten, déi sech spontan gemellt hate fir bei eis Trainer ze ginn.
Merci och nach eng Kéier dem Elvedin Skrijelj, deen d’Ekipp bis d’Enn vun der Saison dirigéiert. En plus hun mir onsen Staff mam Dan Gengler Dan Theman als préparateur physique ausgebaut.