Interim Trainer bis um Enn vun der Saison


18 April 2024

Nodeems eisen Trainer fréizäiteg eng aner Aufgab iwwerholl huet, si mer frou, dass eise Co-Trainer vu bis elo zougesot huet fir den Interim bis um Enn vun der Saison ze maachen. Den Elvedin Skrijelj ass an der véierter Saison beim FC72 an huet fir d'éischt als Spiller an duerno als Trainer vill a wertvoll Aarbecht fir de Veräin geleescht. Merci Elv, dass du dech bereet erkläert hues d'Ekipp direkt z'iwwerhuelen a mir wënschen dir mat de Jongen ee flotten Ofschloss vun der Saison. Mir freeën eis op de Match ee Sonndeg géint den FF Norden.