Patrick Kettmann net méi Trainer vum FC72 Ierpeldeng

Foto vun F.Kuffer



15 April 2024

Am Futtball geet et heiansdo séier……net nëmmen um Terrain. Nodeems mer viru kuerzem d’Decisioun geholl hunn déi nächste Saison mat engem aneren Trainer ze schaffen, hate mer dem Patrick Kettmann trotzdem d’Vertraue bis d’Enn vun der Saison 2023-2024 geschenkt.
De Ketti huet awer elo kuerzfristeg decidéiert een aneren Challenge unzehuelen an ass domatter zanter haut net méi Trainer vun eiser éischter Ekipp. Mir soen dem Ketti nach eng Kéier Villmols Merci a Bonne Chance mat senger neier Ekipp vum Minerva Lintgen