Entraineur Principal - Seniors 1
08 April 2024
Den FC72 trennt sech um Enn vun der Saison 23/24 vu sengem Trainer Patrick Kettmann. Mir soen dem Ketti um Enn vun der Saison Merci fir säin Engagement am Veräin a wënschen him Alles Guddes bei sengen nächste sportlechen Erausfuerderungen.