Public Viewing: Georgien vs Lëtzebuerg


11 February 2024

Et ass warscheinlech dee wichtegste Match an der Geschicht vum Lëtzebuerger Futtball an hoffentlech kennt puer Deeg duerno deen allerwichtegsten.
Déi mannst vun Iech wäerten awer a Georgie fléie fir Live derbäi ze sinn. Wann der de Match trotzdeem mat anere Futtball-Frënn wëllt erliewen, zesummen zidderen, ufeieren, sangen an hoffentlech feieren, da kommt onbedéngt op eise Public Viewing. Mir weisen de Match op der grousser Leinwand a wei dat sech fir ee Stadion gehéiert brauch keen Honger oder Duuscht ze leiden.
Mir starten um 17h00 fir dass mer och gutt preparéiert sinn wann et um 18h00 lass geet.
Och eise Stadion zu Bierden "A Maesch" ass net onendlech grouss, dofir mellt Iech onbedéngt un per Whatsapp oder SMS um 621451802

Roude Leif , Huel se !