Leschten Transfert vun der neier Saison: Wëllkomm Silvio Semedo Nunez


10 August 2023

Mir si frou iech eise leschten Transfert vun der neier Saison virzestellen. 
De Silvio Semedo Nunez kënnt zréck aus Italien wou hien d'lescht Saison mat senger Ekipp USD Bari Sardo Calcio 1971 d'Championnat "Promozione Girone B" vu Sardinie gewonnen huet an den Opstig an Eccelenza vu Sardinien gepackt huet.
Viru senger Aventure op der italienescher Insel huet de Silvio 2 Joer bei UNION Sportive Folschette an der 2er Divisioun gespillt. De Silvio huet 23 Joer a verstäerkt eist Mëttelfeld. Wëllkomm Silvio.