Trainerteam fir t'nächst Saison confirméiert

Trainerstaff Foto vun EK



03 May 2023

15 Punkten aus de leschte 5 Matcher. Eis Ekipp ass op der leschter Ligne Droite vun der Saison definitiv a Form. Dat ass natierlech hirem Asaz ze verdanken, mä awer och eisem Trainerteam, déi et fäerdeg bruecht hunn aus erfuerenen a jonke Spiller ENG EKIPP ze maachen.
Mir sinn dann och frou, dass eist ganzt Trainerteam eis och déi nächst Saison erhale bleift, dat heescht den Trainer Kettmann Ketti Patrick a säi Co, den Elvedin Skrijelj, de Goalkeeps-Trainer Romain De Kroon, eisen Directeur technique de Michel Nilles an eis Kiné Camille Jacquemin.
Mir freeën eis op eng weider flott Saison mat hinnen an hoffentlech der ganzer Ekipp a ville Jugendspiller, déi de Wee an d'1. Ekipp packen.