Tournoi pour jeunes Romain Lucius


26 February 2023

Och eis Jugend start deemnächst an déi zweet Hallschent vun der Saison. Als Ofschloss vun der Saison 2022-2023 organiséiert d'Jugendkommissioun vum FC72 am Juni wéi gewinnt een Turnéier fir Bambinis-Pupilles-Poussins a Minimes. Dëst Joer ass et ee ganz speziellt Evenement, wëll mer dës Coupe fir eise fréiere Jugendkoordinator, Trainer a virun allem FRËND, de Romain Lucius spillen. De Romain war ëmmer fir eise Veräin a "seng" Jugend do an huet bis zum Schluss vu senger schlëmmer Krankheet ëmmer eng Hand ugepaakt. Mir wëllen him de 17ten an 18te Juni mat dëser Coupe Merci soen a virun allem, dass mir hien ni vergiessen. Wëll eiser JUKO an dem Veräin dës Coupe an d'Undenken un de Romain Lucius esou wichteg ass, wiere mer frou, wa ganz vill Ekippe sech géifen umellen.
 

invitation tournoi romain lucius.pdf