2 neie Spiller fir d'Réckronn: Stanislav Djiboune an Ilhan Agovic


29 January 2023

De Stan ass erëm do. De Stanislav Djiboune hat Enn der leschter Saison een neien Challenge an der Belsch gesicht. Mir schéngen him (an hien eis ;-)) awer gefeelt ze hunn an esou hunn eis Weeër ganz séier nees zesumme fonnt. 
Vum Noper vum FC Etzella Ettelbruck kënnt dann och nach ee jonken talentéierte Spiller bei eis. Den Ilhan Agovic ass 19 Joer jonk a mir si frou, dass hien decidéiert huet sech fir de Recht vun der Saison bei eis z'engagéieren.
Wëllkomm Ilhan a Stan a vill Erfolleg ! ⚽️⚽️⚽️