Elvedin Skrijelj gëtt neien Co-Trainer


24 January 2023

Nodeems de "Ketty" am Oktober eis Seniors 1 iwwerholl hat, war d'Plaz vum Co-Trainer nach op a mir wollten eis mam Patrick zesummen déi néideg Zäit huele fir déi bescht Solutioun ze fannen a mir sinn iwwerzeegt, dass mer déi mam Elvedin Skrijelj och elo fonnt hunn. Den Elvedin ass an der drëtter Saison als Spiller bei eis a mir si frou, dass hien dem Club elo net nëmmen UM Terrain, mä och als Co-Trainer hëlleft. Merci Elvedin a Bonne Chance !