Merci Abbes fir 27 Joer Presidence vum FC72

Karikatur Abbes Reef - vum C. Schneider



23 December 2022

BENEVOLAT: Gehéiert zu all Veräin dozou, och zu eisem. An all Veräi ginn et eng Abberzuel Leit, déi sech onentgeldlech engagéieren. Déi Eng méi, déi Aner manner. Déi Eng iwwer eng kuerz Zäit, déi Aner laangfristeg. Haut wëlle mer eisem Ex-President (et kann een sech nach guer net richteg un "Ex" gewinnen) ee ganz grousse Merci soen. Den Abbes Reeff huet no ronn 27 Joer !!! un der Spëtzt vum FC72 Ierpeldeng decidéiert........Nee, natierlech net ganz opzehalen an de Veräin ze verloossen, mä säi Posten als President zur Verfügung ze stellen. Et ass onméiglech dem Abbes seng Meritte fir de Veräin opzezielen, mä hien huet dee Veräi gelieft......all Dag. Dofir si mir frou, dass hien eis mat sengem Wëssen an Engagement och weiderhin am Kommitee erhale bleift. De Poste vum President huet de Pol Michels iwwerholl. De Pol kennt de Veräin och vu Klengem un an ass bereet a prett fir den FC72 déi nächst Joren (firwat net och 27 ?