Organisatiounskommittee vum 50ten Anniversaire iwwerreecht Scheck un de Saccly vu Sos Kannerduerf Lëtzebuerg


17 December 2022

Den FC72 Ierpeldeng huet säi 50te Gebuertsdag dëst Joer op vill verschidde Manéiere gefeiert : 
 
- mat enger Séance Académique
- mat Turnéieren 
- mat enger Journée des Anciens
 
Bei all deem Gefeiers hu mir awer och un déi geduecht, déi et net ëmmer gutt haten an hirem Liewen. Dofir huet den Organisatiounskommittee vum 50ten Anniversaire dem Saccly vun Sos Kannerduerf Lëtzebuerg ee Scheck an Héicht vun 2'000 € iwwerreecht.
 
https://www.kannerduerf.lu/fr/nos-activites/accueil-jour-et-nuit/saccly-foyer-d-accueil