Opruff fir Material fir den 50e Anniversaire

1972-73 Seniors 1



06 March 2021

D’Joer 1972 aus der Vue vum Sport : Dat waren d'Olympesch Spiller zu München, den Eddy Merckx huet den Tour de France an den Emerson Fittipaldi d’Formel 1 Weltmeeschterschaft gewonn. Däitschland ass an der Belsch Fussball-Europameeschter ginn an de Champion am Lëtzebuerger Fussball war d’Aris vu Bouneweg.

1972 ass awer och den Ierpeldenger Fussballveräin, den FC72, gegrënnt ginn.
D'nächst Joer ass et also souwäit a mir feiere 50 Joer. Du war's een Deel vun deem hallwe Joerhonnert ? Als Spiller, Trainer, Comitésmember, Supporter oder Sympathisant an du hues nach Dokumenter oder Fotoen iwwert de Veräin? Mir wiere frou an dankbar wann's de eis déi kéints zur Verfügung stelle fir eist Buch iwwert 50 Joer FC72 Ierpeldeng. Natierlech kritt der all Dokumenter zeréck.

Schéck eis alles wat's de hues oder flott Anekdoten op : 50Joer@FC72.lu Wann’s de keng Méiglechkeet hues eis d’Fotoen ze schécken, da komme mir och gäre laanscht a scannen se an.

Ee grousse Merci am Viraus a mir hoffen elo schonn Iech all op eise Manifestatiounen d’nächst Joer am Kader vum 50ten Anniversaire ze gesinn.